Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Geschichtsfrënn Manternach waren op Randschëlt

D'Geschichtsfrënn vu Manternach waren an déi klengsten Uertschaft vum Land en intressanten Ausfluch maachen. Am fréieren Haff Gricius, dem haut mat vill Léift arrangéierte "Musée rural" Thillensvogtei konnt een sech an déi "gutt aal Zäit" zréckversetzen an duerno war et d'Viste vun der mëttelalterlecher Kierch mat hieren aussergewéinlech wäertvolle Fresken. Jiddferee war begeeschtert, an d'Visite ass, wéi et sech gehéiert, bei engem gesellegen Nuetsiessen ausgeklongen.