Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D’Chorale Lellig-Manternach war an der Schwäiz

D’Chorales réunies Lellig-Manternach war mat e puer Supportere vum 16.-20. August op Klosters/Graubünden an der Schwäiz. Bei schéinem Wieder stunge Visiten zu Monbiel, Davos, Chur, Poschiavo a St Moritz um Programm. E besonnescht Erliefnes war natierlech d‘Fahrt mam Bernina-Express vu Poschiavo erop an d’Bierglandschaft bis op 2.250 Meter, laanscht de Lago Bianco bis op St. Moritz.