Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Commémoration nationale den 13. Oktober an der Gemeng Manternach

De Sonndeg, den 13. Oktober ass an der Gemeng Manternach op der Journée de la commémoration nationale zu Lelleg un déi Verstuerwen aus dem 2. Weltkrich geduecht ginn. Et ass wichteg dass dës Affer, och 80 Joer nom Ausbroch vum 2. Weltkrich a 75 Joer no der Liberatioun, net a Vergiessenheet geroden.

No der Mass sinn d’Vertrieder vum Schäffen- a Gemengerot zesumme mat de Musikante vun der Bech-Berbuerger Musek, de Vertrieder vum CGDIS an de Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng am Cortège bis bei d’Gedenkstätt gaangen.

De Jeff Schmit huet als Vertrieder vun der Jugendkommissioun e puer Wierder un d’Leit geriicht. Hien ass virun allem op d’Verdéngschter fir eis d’Land vun deene Leit agaangen, déi am Krich gefall sinn. Si sollen der Jugend och hautzedaags nach als Virbiller fir hiren onermiddlechen Asaz fir eist Land gëllen.

De Buergermeeschter Jean-Pierre Hoffmann ass a senger Ried op dës Wäerter, fir déi sech eis Virfaren am Krich agesat hunn, zeréckkomm. Och haut nach ass et ëmmer erëm wichteg sech un dës Grausamkeeten an onmënschlech Doten ze erënneren an déi richteg Léieren doraus ze zéien. Et ass un eiser Generatioun duerfir ze suergen, dass sech esou Grausamkeeten net widderhuelen. Mir sollen d’Wäerter vu Gerechtegkeet, Toleranz, Mënschlechkeet, Fräiheet, och an Zäite wou se vu besonnesch ville Leit a Fro gestallt ginn, héichhalen. Mee et ass och wichteg, un déi Leit ze denken, deenen et net sou gutt geet.