Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Cérémonie de remise vum Titel “Éierebuergermeeschter” un de Me Henri Frank

An der Gemengerotssëtzung vum 13. Dezember 2017 ass decidéiert ginn, dass dee fréiere Buergermeeschter, de Me Henri Frank, den Titel vum Éierebuergermeeschter sollt verliehe kréien. De 16. Mäerz 2018 ass d’Cérémonie de Remise vun deem Titel am Centre Beaurepaire an der Gemeng Manternach ofgehale ginn.

De neie Buergermeeschter Jean-Pierre Hoffmann huet dem Me Frank offiziell den Titel iwwerreecht. Hien huet de Me Frank fir seng Verdéngschter an der Gemeng a fir hir Bierger gelueft an him Merci gesot. De Me Frank war 36 Joer Buergermeeschter vun der Gemeng an huet an där laanger Zäit vill Projete realiséiert, op déi den aktuelle Buergermeeschter a senger Ried zeréck komm ass.

Vill Leit waren zu Éieren vum Här Frank op Berbuerg komm, dorënner dem Me Frank seng Famill a vill politesch Weggefährten aus de leschte 36 Joer.