Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Première-Schüler aus dem LJBM am Scienteens Lab

De Scienteens Lab zu Esch-Belval gehéiert zum LCSB (Luxembourg Center for Systems Biomedecine) vun der Universitéit Lëtzebuerg an erlaabt et, Schüler Experimenter am Beräich vun der Molekularbiologie duerchzeféieren an hir eege Resultater ze interpretéieren. Am Ufank vum Schouljoer waren d‘1ère CC an d‘2ème CC aus dem Mamer Lycée am Scienteens Lab fir d‘Recherche am Laboratoire besser kennen ze léieren. Virdrun haten d‘Schüler e Workshop iwwert Charakteriséierung vum Enzym DId3 gemaach. Befaasst hat sech der 2ème hire Workshop mat konventionellen a Bio-Tomaten, déi géint e Virus „immuniséiert“ ginn (ELISA-Test), an domat, wéi een d’ADN bei Bakterië mat Hëllef vu Restriktiounsenzymer an enger Elektrophorèse noweise kann. D’Klassen ware vun hire Biologiesprofessere Mike De Vos a Jacques Pir begleet ginn.