Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Merci fir dee flotten Don.

D'Ekipp vum "Service Krank Kanner Doheem" hat sech de 7.Juni am "Pavillon Am Brill" zu Mamer getraff fir dem Claude Lang Merci ze soen fir dee generéisen Don deen hien organiséiert hat am Kader vun der "Aus die Maus-Party" fir säi leschten Owend an der klenger Gemeng. D'Suen si fir Fleezen, Rucksäck a Spillsaache fir d'Kanner gutt gebraucht ginn. D'Iessen war wéi ëmmer lecker an d'Stëmmung souwisou och.