Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Mamer Hobbymaart !

Dëse Weekend war den 16ten Mamer- Hobbymaart

am Centre Culturel. op der Cap !

Eng Dozend hobby-Kënschtler haten hier Fräizäitaarbecht gewisen an hu gäeren mat de Gäscht iwwer hiert Wierken gefachsimpelt ! Bijouen a Molerei a verschiddenen techniken, Tiffany, Skulpturen, Poschen, Teddybieren, gebastelt- a gemoolte Kaarten, Limoncello an Artikelen aus Eisen waren am Sortiment. Eng Schmëtt, vum Musée vu Peppeng, wor am Haff ageriicht an „een neit Buch mat ale Lidder“ gouf viergestallt vum „Lëtzebuerger-Lidder-Archiv“. Jidder Besucher huet „säi Gléck“ nees fonnt an et gouf ee léierräichen an interessante Weekend. Merci all deenen déi der Aluedung vum Syndicat d’initiative no gaang woaren, den Erléis vun deem Ganzen geet un d‘„ALAN“ déi op der Plaz vertruede war.