Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Mam Tandem vum LJBM an den Äischdall

An der Optioun Life Science am Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) hunn d’Schüler vun der 2CC eng Sortie an d’Natur gemaach. Een Deel vum Wee gouf mam Tandem zréckgeluecht, fir bei verschidde Quellen ze kommen (natierlech Quellen, gefaasste Quellen souwéi puits artésiens) an och, fir d’Méandres vun der Mandelbaach, déi an d’Äisch leeft, ënnersichen ze kënnen. Dono hunn d’Schüler sech zu Fouss op de Wee op d’Reiterlay gemaach, fir vun do aus e gudden Aussiichtspunkt vum Äischdall ze hunn an d’Geomorphologie z’analyséieren. Ënnerwee gouf och de Sandsteen mat all sengen Eegeschaften analyséiert, genee sou wéi d’Fossilien, déi d’Schüler aktiv gesicht an och fonnt hunn. Déi net geplangte Begéignunge mat Kriibsen a Fräschen hunn dës Sortie nach méi spannend gemaach!