Wählen Sie Ihre Nachrichten​

LJBM-Schüler um Stage écologique zu Borkum

Héich am däitschen Norden, ëmgi vu Wand a Mier, hunn d’Schüler vun der 2CC an 3CC aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) ee ganzt speziellt Biosphärenreservat erfuerscht. Am Abrëll ware si op e Stage écologique, fir d’Wattemier a weider Liewensraim op der ostfriesescher Insel Borkum méi genau ënnert d’Lupp ze huelen. Um Terrain, ma och an ënnerschiddleche Statiounen am Labo, hu si déi ganz speziell Upassunge vun de Liewewiesen un dës Liewensraim kennegeléiert. Trei nom Motto vun hirem Lycée „Du, d’Natur an d’Wëssenschaft“ hate si awer och Zäit fir Teambuilding op der Kloterwand an e flotten Owend op der Keelebunn.