Wählen Sie Ihre Nachrichten​

LJBM-Schüler spenden un d'Associatioun Aide à l’Enfance de l’Inde

Virun der Summervakanz hunn d’Schüler vun der 4CCL1 aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) den Erléis vun hirem Klasseprojet un d’Associatioun Aide à l’Enfance de l’Inde iwwerreecht. Duerch de Verkaf vun engem selwergemaachte Stickeralbum an de Stickeren, op deenen d’Gesiichter vu villen Enseignanten, Direktiounsmemberen a Memberen vum Personal vum LJBM ze gesi waren, konnte si ganzer 3205€ sammelen. Mat dëse Suen soll deenen Leit an Indien ënnert d’Ärem gegraff ginn, déi ganz besonnesch ënnert dem Covid-19 gelidden hunn. E grousse Merci u jiddereen, dee sech un dëser Spendenaktioun bedeelegt huet!