Wählen Sie Ihre Nachrichten​

LJBM-Schüler mam 'Erasmus+'-Projet a Schweden

Endlech konnt nees een Treffen vum ‘Erasmus+’-Projet, dem EU-Programm zur Fërderung vun allgemenger a berufflecher Bildung a Sport fir Jugendlecher an Europa, stattfannen. Fënnef 2e-Schüler aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) waren zesumme mat hire Professeren zu Skara a Schweden ënnerwee, wou si mat Delegatiounen aus Spuenien, Däitschland, der Belsch a Schweden eng ganz intensiv, flott an interessant Woch verbruecht hunn. Ënnert dem Motto „Face the Past – Change our Future“ hu si sech an der Katedralskolan zu Skara ënnert anerem mat der Geschicht vum Sámi-Vollek an der Entwécklung an der Duerstellung vun der schwedescher Geschicht an diverse Muséeë beschäftegt. Wuelverstanen stoungen nieft der intensiver Aarbecht och verschidden Fräizäitaktivitéiten, wéi e Besuch vun der Haaptstad Stockholm, e Rendez-vous mat den Elchen oder e flotten Tour op der Schlittschongpist um Programm.