Wählen Sie Ihre Nachrichten​

LJBM-Schüler erfuerschen Fliedermais zu Schëndels

An der Optioun Life Science am Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) kréien d’Schülerinnen an d'Schüler eng Aféierung an de Beräicher Ökologie, Genanalysen, ADN-Extraktioun, PCR, Elektrophores a Serologie.

Well d’Feldaarbecht e wichtegen Deel vun der Fuerschung ass, hunn d’Schülerinnen a Schüler aus der Klass 2CC mat dräi Biologie-Professeren een Ausfluch an d’Ëmgéigend gemaach, fir an der Grotte Huellay am Mamerdall en Treffpunkt vu Fliedermais z’ënnersichen. Leider war do keen Exemplar unzefannen, dofir hu sech déi jonk Fuerscher op de Wee gemaach bei d'Schlass vu Schëndels, wou an ale Gemaier rezent an al Spueren vu Fliedermais fonnt a fir eng spéider Ënnersichung agesammelt goufen.

Um Site, deen zur geschützten Zon Natura 2000 gehéiert, goufe baussen a bannen ökologesch Parameter wéi Hellegkeet, Fiichtegkeet an Temperatur gemooss. An um Plafong konnten och zwou Fliedermausaarten entdeckt ginn, nämlech zwou “Große Hufeisennasen” an ee “Großes Mausohr”.