Wählen Sie Ihre Nachrichten​

LJBM-Schüler erfuerschen d'Polargebidder

D’Schüler vun de Klassen 2e CG URBS/COMED, 3e CG URBS/COMED aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) souwéi Schüler aus dem Lycée Michel Lucius waren am éischten Trimester vun dësem Schouljoer vu véier internationale Wëssenschaftler op eng (inter)aktiv, informativ an virun allem lëschteg Rees matgeholl ginn. Um Programm stungen wichteg Erkenntnisser iwwer d’Polargebidder, d’Thematik vum Klimawandel an dem Permafrascht-Schmëlzen, der wëssenschaftlecher Aarbecht an der Arktis an der Inuit-Kultur. Am Virfeld dovun haten d’Schüler un der Iwwersetzung vum Frozen Ground Cartoon op Lëtzebuergesch matgeschafft, deen een och hei erofluede kann https://frozengroundcartoon.com/luxembourgish/. Zesumme mat der Augmented-Reality-App, déi och op der Homepage vu Frozen-Ground Cartoons ze fannen ass, kann een d'Biller opliewe loossen an d'Informatiounen verdéiwen. Den LJBM bedankt sech häerzlech bei der Ekipp vu Frozen Ground Cartoon a polar.lu fir déi léierräich a flott Zesummenaarbecht.