Wählen Sie Ihre Nachrichten​

LJBM-Schüler erfollegräich bei der LTS Game Event Competition

D’Luxembourg Tech School (LTS) bitt säit e puer Joer allen interesséierte Schüler ausserschouleg Aktivitéiten an de Beräicher Software-Entwécklung, Entrepreneuriat a Präsentatiounstechniken un, déi erausfuerderend sinn a Spaass maachen. D'Jugendlecher schaffen mat perséinlechem Coaching un hiren eegenen digitale Projeten a stellen se an engem echten Geschäftskontext vir. De Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) ass eng vun de méi wéi siwe Schoulen am Land, déi hire Schüler déi Zesummenaarbecht mam LTS erméiglecht. Am zweeten Trimester vun dësem Schouljoer haten LJBM-Schüler bei der 2020 LTS Game Event Competition an der Kategorie ‘Best Ingenious Game’ a ‘Best Fun Game’ Präisser gewonnen.