Wählen Sie Ihre Nachrichten​

LJBM-Schüler engagéiere sech fir d'Stëmm vun der Strooss

Am Kader vun engem Optiounscours hunn d'Schüler vun der 2CG-COMED aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) sech als Zil fir d'1. Semester eng humanitär Aktioun erausgesicht. Encadréiert vun der Madamm Museur hu si méi wéi 700 Kichelcher gebak an dekoréiert, fir se u Leit ze verdeelen, deenen et manner gutt geet. D'Aktioun selwer huet dunn den 13. Dezember an de Raim vun der "Stëmm vun der Strooss" stattfonnt. Vill Leit hu schonn ongedëlleg virum Gebai gewaart, wéi d'Schüler géint 11:30 Auer ukomm sinn, a ware frou, fir e puer vun de Kichelcher ze kréien, déi d'Schüler mat vill selbstlosem Asaz gebak haten.