Wählen Sie Ihre Nachrichten​

LJBM-Schüler besichen den DemokratieLabo an der Abtei Neimënster

D’Schüler aus der Klass 2CG vum Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) hunn en Ausfluch an d’Stad gemaach an den “DemokratieLabo” (https://www.demokratielabo.lu) an der Abtei Neimënster besicht. Dës interaktiv Ausstellung vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) huet de Jonken d’Méiglechkeet ginn, sech méi ausféierlech mam Thema Demokratie auserneenzesetzen an domat hir perséinlech Positioun ze festegen oder z’iwwerdenken. D’Expo luet dozou an, sech Froen iwwert d’Zesummeliewen an eiser Gesellschaft an de Fonctionnement vun eisem politesche System ze stellen an unhand vu prakteschen Experimenter interessant Entdeckungen an Analysen ze maachen. Begleet goufen d’Schüler aus de Sectiounen COMED (Communication et médias) an URBS (Architecture et urbanisme) vun hire Proffen Mme Fratini a Mme Mariotto.