Wählen Sie Ihre Nachrichten​

LJBM Nature Challenge 2020

D'Aktioun vum LJBM NATURE CHALLENGE 2020 ass lancéiert ginn, fir trotz dëse schwieregen Zäite vum Homeschooling eraus an d’Natur ze goen a Planzen an Déieren ze beobachten (natierlech ënnert de bekannte "stay safe”-Consignen!). D'Zil vun dëser Aktioun ass et, mat Hëllef vun der gratis App iNATURALIST méiglechst vill verschidde Planzen an Déieren ze beobachten an an der Natur ze bestëmmen. D’Schüler vum Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) leeën sech e Kont un an trieden dem Projet LJBM Nature Challenge bäi, fir dann mam Handy oder iPad Fotoe vu Planzen an Déieren an der Natur maachen ze kënnen. D’wëssenschaftlech Communautéit vum Projet hëlleft, wann ee mam Bestëmmen net weider weess. Link: https://www.inaturalist.org/projects/ljbm-nature-challenge-2020