Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen... !

"Sonili" musse mir erëmfannen... !

Viru 8 Joer gouf ech gefrot op ech a mengem Archive ( vun ëm déi 4.000 Lidder ) d’Operette « SONILI » vum Josy Imdahl hätt ? Leider hat ech se net an zanter hier hunn ech alles op d’Been gesat fir dëse Kultur-Schaz erëm ze fannen ! Ee frappante Bewäis datt esou wäertvoll Wierker op eemol verschwonne sinn ! Ech gleewen awer net dorun a si sécher et läit nach op engem Späicher an enger verstëpster Köscht vun engem deen, tëscht 1939 an 1941, matgespillt oder matgehollef huet. Gespillt huet de " Lëtzebuerger Volléksthéater " ënner der Direktioun vum Venant Pauké, mam RTL Orcheter ënner der Leedung vum Henri Pensis.

Duerfir hei emol eng Foto an d’Nimm vun all deenen déi deemools matgeschafft hunn : vun lénks no riets
Léon MAYER, Metzelermeeschter : Mathias Andilien .
Josy IMDAHL huet d'Operette op Lëtzebuergesch iwwersat .
Emil HAMPER, dem Camille säi Frënd : Hary .
Maria LAZZERI, Epicièresfra : Madame Everléng .
Henri PENSIS, huet den RTL-Orchester dirigéiert .
Sonja HAAGEN, dem Moler Camille seng Duechter : Sonili .
Bruno GRANICHSTAEDTEN, huet d‘Operette geschriwwen a komponéiert .
Suzanne HELLER, Duechter vum Metzler Andilien : Rousely
Venant PAUKÉ, Moler : Camille Simon .
Hildchen KLAESS, Duechter vum Metzler Andilien : Madly
Marcel KUMMER, Garagist a Jong vun der Madame Everling : Charly
Valentin KUMMER, ee räichen Amerikaner : Mister O. Broadwood .
Renée WEBER, dem Amerikaner deng Duechter : Evelyne .
Benny SALOMON.
Net op der Foto:
Hansi KAHN an Josette FELTEN : 2 Dänzerinnen .
Margerite NICKELS, Madame Trierweiler .
Madeleine LAMBERTS, Madame Hames .
Roger WARNIER, Bréifdréier .
Jules a Marcel van DIEVOET, hunn sech ëm Décorsen gekëmmert .
Ech hunn eng Brochüre vun der Ueropféierung ma leider net d'Wierk.
D‘Operette gouf 1938 vum Bruno Granichstaedten (ee Judd deen no Lëtzebuerg ausgewandert woar) komponéiert an op däitsch geschriwwen a vum Josy Imdahl an d'Lëtzebuergescht iwwersat.
Spéziell fir d'Sonja Haagen, dem Hary Haagen seng Duechter, deemols 12 Joer , huet hien dës Operette "Sonili" geschriwwen, an däer si selwer d'Haaptroll gespillt huet ! D'Ueropféierung wor den 15 Dezember 1939. Si gouf 13 mol gespillt !

An Eisteräicher Archiven ass näischt ze fannen !
Wie kennt ee vun deenen déi matgewierk hunn, oder Famill vun deem engen oder aneren ?
Wou wier eventuell Weis a Wierder vu « Sonili » ze fannen ?
Wie kennt eventuell dat eent oder anert Lidd aus der Operette?

All, och klengste Matdeelung iwwert d'Wierk ass ee Puzzelstéck dat eis hëlleft erëm ee "Ganzt" zesummen ze setzen.

Fir all Hëllef seet Iech elo schonns Merci :
Jean Kandel ( Lëtzebuerger-Lidder Archiv )
7, rue Luitgardis L-8244 Mamer
Tél: 621 665 212 - jkandel@tango.lu