Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gléckwënsch fir 2021 !

" Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen... "

Vill Gléck an eng gutt Gesondheet wënschen ech alle Lieser ...

ma besonnesch all deenen déi mir bis elo gehollef hunn de Lëtzebuerger Lidder-Patrimoine ze erhalen an auszebauen...

AN DEENEN DEI DAT AM LAF VUN 2021 MAACHEN !

Et wier wënschenswäert däer Lëtzebuerger Lidder erëm méi ze héieren, well et gëtt der esëllechen, ganz flotter a fir jidder Geleeënheet. Ob iwwer d’Land, Géigenden an Dierfer, Bräich an weltlech- oder reliéis- Festdeeg, Konscht an Hobby, Beruffer, Joreszäiten an Natur, Iessen, Drénken a Léift, vu fréier an haut, aus gudden an aus schlechten Zäiten, dir fannt dozou ee Lëtzebuerger Lidd. Duerfir, wann dir keent hutt, da besuergt iech ee Lëtzebuerger Lidderbuch, ma net fir an d'Regal oder an den Tirang, ma fir doraus ze sangen, mat Bomi a Bopi, Kanner a Kandskanner . A wann dir ee besonnescht Lidd sicht, da frot mech, villäicht ass et schonns a mengem Archiv vun ëm 4.000 Lidder a waart do op Iech !

Ma ech hunn och een zweet Buch mat ale Lidder zesummegestallt, ( deen éischte Band ass vergraff ), mat 50 Lidder déi fréier iwwerall a bei all Geleeënheet gesonge gouwen, ma dunn op eemol bal an de Vergiess gerode sinn. Fir dee Lidderschaz a -Patrimoin erëm opliewen ze loossen ass dëst Buch déi richteg Quell an, nom Erfolleg vum éischte Band an duerch vill Nofro, ëntstan !

Also ee gudde Virsaz fir 2021 :... 365 Lidder sangen...

tel.: 621 665 212 oder jeankandel@pt.lu