Wählen Sie Ihre Nachrichten​

ERASMUS+-Projet “Face the past, change our future" mat Schüler aus dem LJBM

Erasmus+ ass ee vun der Europäescher Kommissioun organiséierte Programm fir allgemeng a berufflech Bildung, Jugend a Sport. Aktuell hëlt de Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) um ERASMUS+ - Projet “Face the past, change our future – Casting light on the shadows of our history” deel. Leider huet di sanitär Krise dëst Schouljoer keng Rees bei eng vun eise Partnerschoulen zougelooss. Mee mir hunn dat Bescht doraus gemaach a sou hunn eis Schüler mat hire Partner aus der Belsch, Däitschland, Schweden a Spuenien un engem virtuelle Meeting zum Thema “Déi däischter Säiten vun der nationaler Geschicht” deelgeholl, bei deem e flotten an interessanten Austausch entstanen ass. Mir hoffen elo, si all am Laf vum nächste Schouljoer nees live ze gesinn.