Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Den Dag fum Buch....

Eee Buch liesen oder doraus sangen geet jo wuel an eng Richtung !
Lidder erzielen äis jo och meeschtens eng ganz an interessant Geschicht.
Lëtzebuerger Lidder fënd een sou wuel iwwer fréier Berufer, Bräicher a bedeitend Leit, iwwer Géigenden, Dierfer a Monumenter, iwwer Fester a Feierlechkeeten, iwwer Veräiner Hobby a Sport, iwwer Iessen, Drénken a Léift, iwwer all Altersgruppen a Sozial Schichten, ma och aus schwéieren Zäiten a vun traurege Momenter, sou wéi Reliéis Theemen oder Kannerlidder. Et geschitt eigentlech näischt wouriwwer een net sangen, oder liese kéint !
« Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen »
No deem Moto gëtt et ëmmer méi wichteg dat ze retten wat nach ze retten ass. Hëlleft duerfir all, eise Lëtzebuerger Lidderschaz erëm opliewen ze loossen an ze erhalen, an de Schoulen, an de Veräiner an der Gesellschaft, an der Famill !
Niewt engem Archiv vun 4000 Lëtzebuerger Lidder ( Wierder an Nouten ) gëtt et elo och 2 Lidder-Bicher mat 95 däer Päerelen déi fréier iwwerall, auswenneg, gesonge gouwen, ma lues a lues an de Vergiess gerode sinn well se a kenge Bicher woaren!
Fir 20€ de Band ( 22€ mat Porto ) kënnt dir dëse Kulturpatrimoine an äerer Bibliothéik hunn, ma net nëmme fir schéin ze maachen, ma fir iech epuer freedeg Stonnen ze gönnen !
Jean Kandel 7, rue Luitgardis L-8244 Mamer 621 665 212 / jeankandel@pt.lu
Oder : Bicherbuttiker: “Um Fieldgen“ an der Stad, „Am Wenkel“ zu Bartereng, „100% Lëtzebuerg“ zu Gréiwemaacher.