Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D’ONG ‘Le Soleil dans la Main’ op Besuch am LJBM

D’ONG ‘Le Soleil dans la Main’ setzt sech zënter 2002 fir Kannerrechter an de gerechten Zougang fir Bildung am Burkina Faso an. Ganz am Zeeche vun der Kannerrechtswoch an dem internationalen Dag vun de Kannerrechter, den 20. November, hunn d‘Schüler vun der 2CG an 2GA3D aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) sech mat de Responsabelen vun der ONG an enger Delegatioun aus dem Burkina Faso iwwert ë. a. de Schoulsystem, de Schoulalldag oder d‘bioklimatesch Architektur vun de Schoulgebaier ënnerhale kënnen. Den interessanten Austausch huet eemol méi dorop opmierksam gemaach, datt den Zougang zur Bildung keng Selbstverständlechkeet ronderëm d’Welt ass.