Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Klass 2CC aus dem LJBM mécht Stage écologique zu Huelmes

Fir d’Klass 2CC/2CLC aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) stung een Ausfluch fir ee Stage écologique zu Huelmes um Programm. Start war moies am Schlass, wou fir d’éischt d’Lag an d’Bedeitung vum Schlass gekuckt ginn ass. Vun hei ass et de Bierg erof bis zur Waasserquell « Diddelbuer » gaangen. Ënnerwee an och un der Quell selwer si Gestengsschichten ënnersicht an och chemesch a physikalesch Analysen zu eisem Lëtzebuerger Sandsteen gemaach ginn.

Vun do ass et bis bei d‘Weieren an d’Baach weidergaang, fir déi zwee verschidden Ökosystemer chemesch a biologesch z’erfuerschen. D‘Schüler hu sech hei däerften austoben a konnte verschidden Déieren, kleng a grouss, aus dem Waasser fänken, fir se duerno ze analyséieren. E puer Schüler hu souguer eng Mouk gefaangen, déi awer dono, wéi all déi aner Déieren, natierlech erëm fräigelooss ginn ass.

D‘Schüler ware motivéiert, woubäi d‘Wieder och nach bei sonnegen 22°C schéi matgespillt huet, wat alles zu enger gelongener Sortie bäigedroen huet. Mir haten och ee « special guest » an zwar ee ganz léiwe Mupp Rosie.