Wählen Sie Ihre Nachrichten​

City Sky Liner


« Wors du schonns um Sky-Liner ?» gouf ech gefrot !

« Neen ! dat hunn ech Fäertert mech nach net gewot ! »

« Maach dat onbedéngt, soss hues d'eppes verpasst ! »

Ech duecht mer : sou schlëmm kann dat net sinn : Da lass !

Vun all Zorten an Alter woaren der do,

Du misst dech jo schummen : Allez-hop ! Laf no !

Fir 7 €‚¬, den Ticket fest am Grapp !

Dréint et no uewen, t'geet emol net an de Kapp !

Schéi lues a gemelleg, du spiers et emol kaum !

Du fills dech wéi am Fliger-Piloteraum !

An déi Aussiicht : Eemoleg ! vun heiuewen !

Do muss een emol eis Buergermeeschtesch luewen !

Da knippsen ech äerdeg, ganz monter drop lass !

Den Enkle weisen wéi Top de Bop nach ass !

Ech wees jo wéi dat mat deem Sky-Liner geet :

Wie gleewt dass de drop woars, wa kee méi do steet !