Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Chrëschtmaart am Becheler !

D’Becheler Sänger hunn de Chrëschtmaart am Becheler zu Bereldéng mat ettlech flotte Lidder verschéinert. Ënner der Leedung vum Jean Kandel an um Piano begleed vum Michel Winter woren ënner aneren, Dicksiana an aner bekannt Lidder um Programm wou och d’Nolauschterer dichteg matgewierkt hunn. Den Ofschloss mouch een, der Zäit ugepasste Lidd : „Verlaangeren – Nu stinn ech hei op ganzem frieme Buedem“. De Louis Petit huet dat Lidd, Weis a Wieder, komponéiert, fir déi Lëtzebuerger, déi hier Heemecht an der Krisen-zäit verlooss hunn, a grad op esou Feierdeeg un Heem an un d’Famill geduecht hunn. Am Numm vum Chouer huet de Jean Kandel allen Nolauschterer, Bewunner an de Betreier vum Becheler schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an d’neit Joer gewënscht.