Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Charity-Basar am Lycée Josy Barthel Mamer

Am Lycée Josy Barthel Mamer hunn eng sëlleg Schüler mat der Ënnerstëtzung vum Schülercomité an dem Däitschdepartement een Charity-Basar op d’Been gestallt, bei deem ganzer 2445 Euro zesummekomm sinn. Den Erléis aus enger Rei selwergemaachen Objeten wéi Käerzen, Jutebeutelen a Fändelen souwéi Schneekereien geet integral zugonschten vun engem Hëllefsprojet an der Ukrain. Am Kader vun dësem Basar huet och e flotte Virtrag stattfonnt. Invitéë waren de Rémi Fabbri, Direkter vum Service ‘Aide internationale’ vun der Croix Rouge Luxembourgeoise, an d’Béatrice Winandy, wat och do schafft. Si hunn hir Aarbecht virgestallt, erkläert, wéi d‘Situatioun an der Ukrain grad ass a wat do gemaach gëtt, fir ze hëllefen, an et gouf iwwert d’Krichsrecht geschwat.