Wählen Sie Ihre Nachrichten​

COLETTE A FERNAND REVIVAL

16
Mär
2019
16 Mär

Wann ee laacht, da laacht mat!

LIDDER, SKETCHER A WITZER AUS HIREM REPERTOIRE.


De Fernand Wark, 1919 gebuer an 1994 ge­stuerwen, war e lëtzebuergesche Sänger, Kaba­rettist a Schauspiller.


Vu Beruff war de Fernand Wark Bäcker a Ree­sender. Bekannt gouf en duerch seng Optrëtter an der Revue a bei den Zéiunge vun der National­lotterie, dacks zesumme mat senger Fra Colette Hoffmann als Duo Colette a Fernand tëscht 1957 an 1992. Hire leschten Optrëtt hate sie 1992. De Fernand ass och Auteur vu Sketcher a Liddertexter.


Et maache mat: de Kannerchouer Hueflach­spatzen vu Stroossen, d’Sänger aus dem Club Haus am Becheler vu Bäreldeng, Fabienne Gör­gen, Chris Fandel, Vic Hoffmann, Jean Kandel, Eliane Lothritz, Serge Oth, Paul Galles a Michel Schintgen.


Samschdeg, den 16. Mäerz 2019

um 20.00 Auer am Festsall vum Mamer Schlass.


Entrée: 15 € (reduzéiert: 8 €) · Reservatiounen: 31 00 31-1


Mamer, I Like!

Folgen Sie der Gemeinde Mamer auch jetzt auf Facebook sowie auf Instagram.

www.facebook.com/GemengMamer

www.instagram.com/gemeng_mamer