Wählen Sie Ihre Nachrichten​

*Biergerbedeelegung" >Dir hutt d'Wuert<

27
Jun
27 Jun

Biergerbedeelegung gëllt haut als nout­wennege Kommunikatiounsprozess an enger moderner Demokratie, an ass gläichgestallt mam Konzept vun der „partizipativer Demokratie”: Bierger huelen hiert eegent Schicksal an de Grapp a waarden net, dass en aneren et fir si mécht.
D’Ëmweltkommissioun rifft deemno all jonk an och manner jonk Bierger op, sech fir dëse spannenden „Partizipatiouns projet” anzesetzen – wien wann net d’Awunner vun der Gemeng selwer, kennen di lokal Eegenaarten an Erausfuerderungen.
An eise Workshops kënnen d’Leit aus der Gemeng Mamer vun Ufank un e Projet mat gestalten, matschwätzen a sech austauschen, wéi de Projet an der Gemeng soll ausgesinn ­ an net just iergendwann doriwwer informéiert ginn.

EIS NÄCHST WORKSHOPS SINN:
07.03. | 25.04. | 23.05. | 27.06.

VUN 10 BIS 12 AUER AM JUGENDHAUS
(24, rue du Marché L-8252 Mamer)

Fir d’Ëmwelt- an Energiekommissioun:
Ed BUCHETTE, President · Lisi FREYMANN, Sekretärin