Plang vun der Stad Lëtzebuerg aus dem Joer 1890
De Jean-Pierre Biermann, gebuer de 15. Dezember 1842 zu Klierf, gestuerwen den 3. Juli 1908 an der Stad Lëtzebuerg, war en Architekt an Historiker. Hien huet Guiden a Pläng iwwer d'Stad Lëtzebuerg erausginn. De Comité Alstad bidd fir déi kommend Feierdeeg vum Joeresenn e Faksimile u vum Stadplang “Plan de Luxembourg en 1890”, am Originalformat 49 x 52 cm , numréiert an a begrenzter Oplag, un. D’Original gëtt am Musée um Fëschmaart versuergt.
De Plang kann ee bestellen :
1. zum Präis vun 30,00 €, wann Dir e selwer bei ons ofhuelt.
2. zum Präis vun 35,00 €, mat der Post heem geschéckt.
3. zum Präis vun 320,00 €, agerummt (Bild 1 - Passe-partout biseauté 6,5 cm, Holzkader,loup noyer, Récksait Karton, an Antireflexglas).
4. zum Präis vun 380,00 €, agerummt (Bild 2 - Passe-partout biseauté 6,5 cm, Holzkader : argent antique, Récksait Karton, an Antireflexglas).
Bestelle kann een de Plang beim Comité Alstad duerch Iwwerweise vun der entspriechender Zomm op ee vun onse Konten: bei der Spuerkees: IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 oder Postscheck: IBAN LU02 1111 0080 8736 0000 oder bei der BGL-BNP Paribas: IBAN LU19 0030 7564 6694 0000 (mam Vermierk: Stadplang 1890)
“Lëtzebuerg - Ons Alstad gëscht an haut"
Wéi huet d’Lëtzebuerger Alstad fréier augesinn, wat huet sech wéi am Laf vun de Jore verännert? An dëser Publikatioun, enger Zäitrees an ’Vergaangenheet vun der Alstad, kréien och déi méi jonk Generatiounen d’städtebaulech Entwécklung an Erënnerung bruecht. A Buchform kann een duerch d’Vergläiche vun alen an neien Opname gesinn, wat sech am Stadbild geännert huet. Un Hand vun iwwer 150 neie Bildvergläicher entdeckt een op enger fotografescher Promenade d’Alstad am Wandel vun den Zäiten.
D'Buch kann ee beim Comité Alstad bestellen duerch Iwwerweise vun 44.- Euro ( 49.- Euro fir et mat der Post heemgescheckt ze kréien ) op ee vun de Konte vum Comité Alstad : bei der Spuerkees: IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 oder Postscheck: IBAN LU02 1111 0080 8736 0000 oder bei der BGL-BNP Paribas: IBAN LU19 0030 7564 6694 0000 ( mam Vermierk: “Lëtzebuerg - Ons Alstad gëscht an haut" )
Ofhuele kann ee säi bestallten a bezuelte Buch oder Stadplang vu Méindes, den 3. Dezember bis Samschdes, den 8. Dezember 2018 am neie Siège vum Comité Alstad 14, rue Sigefroi L-2536 Lëtzebuerg am fréiere Paschtoueschhaus vu Sankt Méchel (vis-à-vis vum Staatsrot) vu muerjes 09:00 Auer bis 12:00 Auer