Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Rotary Club Luxembourg-Kiem spent fir rar Krankheeten

D'Memberen vum Rotary Club Luxembourg-Kiem hunn een Deel vum Erléis vun hirem Schampesverkaf 2020-2021 un d’A.s.b.l. ALAN - Maladies Rares Luxembourg gespent.

Säit méi wéi 20 Joer setzt sech ALAN an, fir d'Liewensqualitéit vun de ronn 30.000 Mënschen zu Lëtzebuerg, déi vun enger seelener Krankheet betraff sinn, ze verbesseren. Dës Krankheeten, déi dacks genetesch bedéngt, chronesch, progressiv an onheelbar sinn, stellen déi betraffe Persounen a Famillje virun eng Rei komplex Erausfuerderungen.

De Berodungsservice vun ALAN bitt de betraffene Leit eng psychologesch Betreiung, souwéi administrativ a sozial Ënnerstëtzung fir hinnen a verschiddene Beräicher ze hëllefen, notamment beim Accès op Gesondheetsversuergung, bei administrative Prozeduren, bei hire Sozialrechter, an, an de Beräicher; Bildung, Aarbecht, Familljeliewen an Inclusioun. Nieft dësem Berodungsservice bitt ALAN eng Rei adaptéiert Fräizäit- a Sportaktivitéiten un, an engagéiert sech staark am Plan National Maladies Rares a fir d’Sensibiliséierung iwwert rar Krankheeten.

Foto (vu lénks no riets) :

Fernand Hengen, President 2021-2022 vum Rotary Club Luxembourg-Kiem, Marc Feider, Member vum Rotary Club Luxembourg-Kiem a Member vum Conseil d'Administration vun ALAN, Robert Loos, President 2020-2021 vum Rotary Club Luxembourg-Kiem, Shirley Feider-Rohen, Presidentin vun ALAN, Daniel Theisen, Direkter vun ALAN.


📷