Wählen Sie Ihre Nachrichten​

LJBM-Schüler erfollegräich bei LTS GameDev Challenge

D’Luxembourg Tech School (LTS) bitt säit e puer Joer allen interesséierte Schüler ausserschoulesch Aktivitéiten an de Beräicher Software-Entwécklung, Entrepreneuriat a Präsentatiounstechniken un, déi erausfuerderend sinn a Spaass maachen.

Ee vun deene léiererräichen online-Coursen ass den LTS Game Event, bei deem et dorëm geet, mat Hëllef vun digitale Coachen selwer ee Videospill ze gestalten. Bei deem Concours hunn dëst Joer och véier Teams aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) matgemaach, an déi hu ganz gutt ofgeschnidden.

D'Spill "Matter of Perspective" vum Roy Steffen, Tiffany Schweitzer a Bar Holzapfel-Mantin huet ënner 33 Teams déi 1. Plaz beluegt a soumat huet d'Ekipp en zolitte Geldpräis gewonnen. D'Spill "Defender of Disaster" vum Benjamin Vogel, Anton Navez, Olivier Huberty huet sech op Plaz 6 klasséiert, krut awer de Special Award fir dat Best Community Game. Weiderhin um Start waren nach d'Spiller "Human vs. Virus" vum Eleonor Dutkiewicz, Alexandra Kontz a Sophie Lorang souwéi de "Riven's Rise" vum Oliver Sitz a Federico Colavitti.