Wählen Sie Ihre Nachrichten​

LIDDERUUCHT EUROPEADE VISEU

Lidderuucht Lëtzebuerg op Tournée a Portugal.

Den Ofschloss vun der Saison fir d’Lidderuucht Lëtzebuerg stoung ganz am Zeechen vun enger Tournée duerch Portugal. Lissabon, Porto an d’Europeade zu Viseu waren d’Statiounen. Viseu war dëst Joer den Organisateur vun der 55. Europeade vum Folklore, wou 209 Folkloregruppen aus ganz Europa mat méi ewéi 6000 Dänzer, Sänger, Museker drun deelgeholl hunn. No Horsens, Antwerpen, Quimper, Martigny, Padua, Kielce, Namur war Viseu déi 8. Europeade fir d‘Lidderuucht. Mat Concerten op historëschen Plazen konnt d’Publikum mat lëtzebuerger Lidder begeeschtert ginn. En Héichpunkt war den Chouerowend am „Parque Aquilino Ribeiro“ wou mat Lidder ewéi „ Muerges fréi“, „D’Spëtzebox“ d’Lidderuucht de Publikum zum Matklappen konnt animéieren an eng besonnesch Stëmmung opkoum, déi zum Ofschloss vum Optrëtt, mat engem begeeschterten Applaudéieren honoréiert gouf. De Cortège duerch Viseu, mat allen Folkloregruppen, huet 3 Stonnen bei décker Hëtzt gedauert, mee et huet sech gelount fir matzemaachen. Onmasse vu Leit stoungen laanscht d’Strooss fir de Cortége zekucken an et gouf vill Luef fir ons Kleeder (Bourgeoisie 1820-1890), wourop mir natierlech houfreg waren. Beim Passéieren vun der Éierentribün, wou den portugieseschen Kultusminister, de Buergermeeschter ënner anerem souzen, gouf et en décke Merci fir onsen stëmmungsvollen Optrëtt um Chouerowend. Tournée ass eriwwer an den 1. Optrëtt ass schon den 9. September mat engem Dicksowend zu Elleng bei Mondorf. Duerno presentéieren mir ons nei CD „Dat elei an dat elo“!

Info www.lidderuucht.lu

www.europeade.eu