Wählen Sie Ihre Nachrichten​

"Lëtzebuerg – Ons Alstad gëscht an haut"

Nei Publikatioun vum Comité Alstad am November 2018 bei den Editions Schortgen :


Fir säin 80. Anniversaire hat sech de Comité Alstad viirgeholl, en neit Buch mat Fotoen vun der Alstad am Zeitvergleich, erauszegin. Leider hun d’Ëmstänn nët erlaabt, fir dës Publikatioun nach am Joer 2018 färdeg ze kréien. Ëmsou méi frou si mir dofir elo endlech dëst Buch kënne viirzestellen.


An den Editions Schortgen koumen zënter 1994 schon eng Rei Bicher mam Titel “Lëtzebuerg am Zeitvergleich”, an Zesummenarbecht mam JP Fiedler vun der Stater Phototéik eraus.


Wéi huet d’lëtzebuerger Alstad fréier augesin, wat huet sech, a wéi, am Laaf vun de Joere verännnert? An dëser Publikatioun mat ronn 150 Säiten, enger Zeitreess an d’Vergangenheet vun der Alstad, kréien och déi méi jonk Generatiounen d’städtebaulech Entwécklung an Erënnerung bruecht. A Buchform kann een duerch d’Verglaichen vun aalen an neien Opnahmen feststelle, wat sech am Stadbild geännert huet.


Un Hand vun 150 neie Bildverglaicher entdeckt een op enger fotografescher Promenade d’Alstad am Wandel vun der Zeit.


Bestelle kann een d‘Buch beim Comité Alstad duerch Iwwerweise

vun 44,00 € op ee vun onse Konten:

Spuerkees: IBAN LU64 0019 1755 0897 0000

Postscheck: IBAN LU02 1111 0080 8736 0000

BGL-BNP Paribas: IBAN LU19 0030 7564 6694 0000

(mam Vermierk: “Lëtzebuerg - Ons Alstad gëscht an haut”)