Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du Nazisme

Erënnerung un d’Schicksal vun „Ons Jongen a Meedercher“

Nationale Gedenkdag vun den Zwangsrekrutéierten um Lampertsbierg

Virun 79 Joer -et war op Fouersonndeg den 30. August 1942- huet de Gauleiter Gustav Simon an de fréieren Ausstellungshalen um Lampertsbierg déi allgemeng Wehrflicht fir d’Lëtzebuerger Jongen vun de Gebuertsjoergäng 1920-1924 proklaméiert. Spéider koumen och nach d’Joergäng 1925-1927 derbäi.

Fir un dës schrecklecht Diktat z’erënneren, dat géint d’Völkerrecht verstouss huet a grousst Leed iwwert dat vun den Nazi-Däitschland okkupéiert Lëtzebuerg bruecht huet, hat d’Fedef (Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du nazisme) bei Geleeënheet vum nationale Gedenkdag vun den Zwangsrekrutéierten virun dem Hall Victor Hugo um Lampertsbierg eng Zeremonie organiséiert.

Wéinst de Covid-19-Restriktiounen gouf dës Gedenkfeier an engem méi klenge Kader ofgehalen. U Perséinlechkeete konnt de Federatiounspräsident Erny Lamborelle de Chamberpräsident Fernand Etgen, d’Familljeministesch Corinne Cahen, déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, den Deputéierte François Benoy, d’Vizepräsidente Guy Dockendorf a Josy Lorent sowéi verschidde Membere vum „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale“, den LPPD-Präsident Jean Pirsch, den Direkter Patrick Majerus zesumme mam Olivier Worré vum „Service de la mémoire“ am Staatsministère a Vertrieder vun de Lokalsektioune vun den Zwangsrekrutéierte begréissen.

A senger Begréissungsried ass de Fedef-Präsident Erny Lamborelle besonnesch op d’Hannergrënn vun der Proklamatioun vun der Zwangsrekrutéierung agaangen, mat deeër d’Naziën d’Lëtzebuerger Jugend duerch eng organiséiert a systematesch an d’Praxis ëmgesaten Indoktrinéierung schwäche wollten. Mat der Zwangsmoosnahm géint „Ons Jongen“ wär et dem Okkupant net nëmmen ëm d’Jugend gaangen, mä am Fong ëm d’Zukunft vum Lëtzebuerger Land, dat no der Devise „Heim ins Reich“ e Bestanddeel vun Nazi-Däitschland sollt ginn. Zum Ofschloss huet den Erny Lamborelle un all Affer vum Zweete Weltkrich erënnert an un d’Adress vun den Zwangsrekrutéierte verséchert: „Jongen, dir sitt net vergiess!“

Als Vizepräsident an deemnächst neie Präsident vum „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale » huet de Josy Lorent méi am Detail op den Oflaf vum fatalen Dag vun der Proklamatioun vun der Zwangsrekrutéierung zréckgekuckt. „Lützelburg, deutsch, wehrhaft und frei“ war eng vun de Propagandaparoulen vun der „Grosskundgebung“, déi vum Gauleiter Simon zesumme mat der VdB (Volksdeutsche Bewegung) um Lampertsbierg organiséiert war an déi eng wichteg Etapp bei der „Entwelschung“ a „Germanisierung“ vun de Lëtzebuerger si sollt. Dorausser gouf dat gréisste Krichsverbriechen un der Lëtzebuerger Jugend. Mat 10.210 „Jongen“, déi fir d’Zwangsrekrutéierung virgesi waren, an 3.614 „Meedercher“, déi an de „Reichsarbeitsdienst“ an duerno deelweis an de „Kriegshilfsdienst“ hu misse goen, war quasi all Famill betraff. Alles an allem sinn am Grand-Duché duerch den Zweete Weltkrich eng ronn 8.200 Mënsche gestuerwen, dovunner ongeféier 5.700 Lëtzebuerger. Nom Virdroen vum Dr. Henri Clees (1928-2000) sengem Gedicht „Säi lescht Gebiet“ iwwert d‘Stierwe vun engem Zwangsrekrutéierten war de Josy Lorent der Meenung, datt d’Nokomme vun der 1., 2. an 3. Generatioun net nëmmen déi wichteg Aufgab hunn, fir d’Erënnerung un d’Krichsaffer héich ze halen, mä dass sie eng Ierfschaft kruten, déi wäit doriwwer erausgeet a mat der Verdeedegung vun de Mënscherechter an de Wäerter vun der Fräiheet ze doen huet.

Als Vertriederin vun der Regierung ass d’Familljeministesch Corinne Cahen op d’Krichserënnerung an hirer eegener jiddescher Famill agaangen. Och huet sie dozou opgeruff, fir zesummen un all Naziaffer ze denken a grad esou geschlosse géint all Forme vun Diskriminéierung, Rassismus an Antisemitismus opzetrieden.

En ergräifenden Temoignage iwwert hire Papp Camille Polfer (Joergank 1924), deen als Zwangsrekrutéierten a Russland gelidden hat a sech nom Retour op Lëtzebuerg fir déi vum Krich gezeechent Zwangsrekrutéiert an aner Affer agesat huet, koum um Riednerpult aus dem Mond vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

Ënnert de Kläng vun der „Sonnerie aux Morts“, gespillt vun de Miltärmuseker SgtCh Melvin Burger a SgtStag Ben Weiland, hunn d’Vertrieder vu Regierung, „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale“, Stad Lëtzebuerg a Fedef Blumme bei der Gedenkplack un d’Proklamatioun vun der Zwangsrekrutéierung néiergeluet.

Ernimmt sief och nach, dass de Fedef-Comitésmember Jean Ferber dat viru kuerzem nees opgedauchte Gedicht „Un eis Jongen“, dat de Metty Dahm vun der Sektioun Steesel vun der „Ligue Ons Jongen“ den 13. Mee 1945 verfaast hat, virgedroen huet.

Ofgeschloss gouf d’Gedenkfeier mat zwou Strophe vun der „Heemecht“.

Billertext:

No der Blummennéierleeung virun der Gedenkplack (v.l.n.r.): Victor Steichen, Guy Dockendorf, Josy Lorent, Lydie Polfer, Corinne Cahen, Erny Lamborelle, Jean Ferber an Nico Thill (verdeckt). (Foto: Fernand Pletschette)