Wählen Sie Ihre Nachrichten​

E Monument fir de Grand-Duc Jean : de Comité Alstad freet sech !

E Monument fir de Grand-Duc Jean : de Comité Alstad freet sech !


De Comité Alstad freet sech op de « Communiqué de Presse » vun der Regierung vom 5.1.2021 hin – „Monument en mémoire de S.A.R. le Grand-Duc Jean au parc Pescatore" dat ass um gudde Wee.


De Comité Alstad hat d’Petitioun 1208 déposéiert fir e Monument fir de Grand-Duc Jean ze realiséieren !


Freides, den 10. Mee 2019 gouf ons Petitioun N° 1208 fir e Monument fir den Grand-Duc Jean lancéiert. Leider hat ons Petitioun net deen Erfolleg de mer erhofft haten, well Regierung e puer Deeg méi spéit ugekënnegt huet, dass de verstuerwenen Grand-Duc Jean e Monument kritt. E klenge Stand hate mir den 23. Juni 2019 um Eck vun der Kapuzinergaass an der Groussgaass, wou och nach de Leit Méiglechkeet ze ginn Petitioun ze ënnerschreiwen. Ronn 400 Leit haten d’Petitioun bis de 27. Juni ënnerschriwen.


Bei enger Ëmfro op RTL.lu an der Woch nom Begriefnis haten awer iwwer 4.700 Leit matgemaach an 89 Prozent, also iwwer 4.200 Leit, hate sech fir e Monument fir de Grand-Duc Jean ausgeschwat !


Déi reponsabel vum Comité Alstad haten duerno eng Entrevue mam Premier Xavier Bettel gefroot, deen och hier Doléancen ugeholl huet, a versprach huet, dass de Comité Alstad nët géif vergiess gin.


De Comité Alstad an de groußherzogleche Palais .


De Comité Alstad hat vum 6. Abrël bis den 2. Mee an der Galerie „Konschthaus Beim Engel“ bei Geleeenheet vu sengem 75-jährege Bestoen eng Fotoausstellung vum Carlo Hommel mam Titel "Grande-Duchesse Charlotte 1896-1985“ gewisen huet. Dës Ausstellung gouf och nach duerno a 6 weideren Uertschaften am Land gewisen. Bei däer Geleeenheet koum och an den Editions St Paul e Fotoband "Grande-Duchesse Charlotte 1896-1985“ eraus.


De Comité Alstad hat och déi ganz grouss É'ier de Grand-Duc Jean nach kuerz no sengem 98. Gebuertsdag am Januar 2019 an der Méchelskierch um FGëschmaart ze begréissen um Concert zu É'ieren vum 100. Anniversaire wou d' Grande-Duchesse Charlotte op den Troun koum. De Grand-Duc hat sech och nach nom Concert vill Zäit gelooss fir sech dat restauréiert Auerwierk vun der Méchelskierch duerch de Restaurateur, den Här Jungblut aus der Fleschiergaass, erklären ze loossen.


Expo 100. Gebuertsdag Grand-Duc Jean am Plangen


Fir d’Expo “Grand-Duc Jean 1921-2021”, déi schon zënter Joere geplangt gët vum Comité Alstad an ursprénglech am Cercel op der Plëss d’Arem sollt gewise gin, duerno 2019 am Lëtzebuerg City Museum virgesinn, an no sechs Méint Plangen nees fale gelooss ginn ass, an och d’Galerie beim Engel um Fëschmaart an de Ratskeller am Cercel (béid fir zaitgenössesch Konscht reservéiert) nët fir dës Ausstellung zur Verfügung stoungen, woren kuerz ier d’Corona-Pandemie lass gaang ass ee Moment nët schlecht, fir d’Expo am Summer 2021 am fréieren Arbedsgebäi an der neier Avenue ze maachen. Och hat de Comité Alstad sech e bekannte Historiker an Ausstellungsmann zu Rot gezun fir eng Szenographie fir d‘Expo am “19 Liberté” kënnen ofzehalen. Leider hu Ufank 2020 d’Viirbereedungen fir d’Ausstellung mussen ënnerbrach gin.


Et gouf dou decidéiert, ze waarden an d‘Ausstellung am Kader vun der spéiderer Aweiung vum Monument Grand-Duc Jean an der Uerwerstad am Laf vun den nächste Joeren, z’organiséieren. De Comité Alstad huet sech dou och getraut de Cercle op der Plëss, nach eng Kéier unzefroen fir an deem Moment d’Ausstellung, nët weit ewech vum Monument, an engem würdege Kader am Häerz vun der Stad kënne ze weisen.

Dofir freeë mir ons, dass onse Premier de Schrëtt fir e Monument um 100. Gebuertsdag vum “Prënz Jang” nach eng Kéier bestätegt huet.


Comité Alstad


PS : Virun 100 Joer ass de Prënz Jean gebuer ... de Claude Esch, Sekretär vum Comité Alstad léisst Erënnerungen un d'Jugend vum Grand-Duc Jean an enger Postkaarte-Show défiléieren : https://comitealstad.lu/#dearflip-df_3480/1/.


Comité Alstad asbl

14 Siegfridstrooß

L-2536 Lëtzebuerg

www.comitealstad.lu