Wählen Sie Ihre Nachrichten​

E Concert wéi keen aneren ... a 6 jonk Laureat'en déi ausgezeechent goufen

den 12. mee, huet " Just Music ", mat hirer Presidentin der Madamm Edmée HUBERTY, op hiren traditionelle Perkussioun-Concert ënnert dem Moto "Missioun Perkussioun 2018", op Bartreng an d'Arca, häerzlechst invitéiert.

Just Music ass 1995 gegrënnt ginn. De Concert gouf virun engem begeeschtertem Publikum a gutt gefeeltem Sall, vun 21 jonke Perkussionisten ënnert der Leedung vun dem Dirk Kellen a Frank WILDNER opgefuer.

Um Programm stoungen ënner anerem "Pick up the Pieces vun der Average White Band, I Follow Rivers vun dem Lykke Li, oder Walk Like an Egyptian vun The Bangles" a ganz vill aner super flott Arrangementer, déi extra op Percussioun em geschriwwen goufen.

Missioun Perkussioun 2018 - Missioun Accomplie

Et goufen awer och nach 6 Laureat'en vun dem UGDA's Delegéierten Romain HENRION ausgezeechent, Bronze Medaile fir den Patrick Reiland an den Nicolas Christophory, den Insigne fir 5 Joer Verdéngscht Jonah Flammang, Thiméo, Villalta, Léon Engels an Louis Vassart.