Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D’Becheler Sänger op der Fouer !

D’Sängerinnen an d’Sänger aus dem Becheler vu Bereldeng haten sech op der Fouer afond fir „Am Stall“ mat RTL epuer Lidder opzehuelen fir a Sendungen vun Patrick Greis anzebauen! Ënner der Leedung vum Jean Kandel hu si 2 Lidder, vun deenen hien och d’Wierder geschriwwen huet, gesongen : „De Jean la Gaufre“ an „deen neien Tram“ Net wäit vun der Fouer geet elo ee Lift an de Pafendall, an doriwwer huet d’Maria Goldberg-Reuter ee léift Liddche verfaasst, dat si och nach gesongen hunn. D‘Famill Vanderwaeren war mat 3 Generatiounen, d’Mamm mat engem vun hire Jongen an hierer Enkelin op der Plaz, si woaer begeeschtert dat si elo eng „Haushymne“ hunn. No engem Pättchen am Stall en engem Eisekuch vum „Jean la gaufre“ gouf ee flott Erliefnes, dat nach laang an aller Erënnerung wäerd bleiwen, ofgeschloss.