Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Supporter-Club "Allez R.F.C.UNION Lëtzebuerg"


De Supporter-Club, Allez R.F.C.Union Lëtzebuerg, huet Een März séng Jores Ofschloss Versammlung gehalen. Der Aluedung vum Nico Wagner ware no komm; Georges Pierret a Madam, Marcel Brosius a Madam, Francis Pierrard, Lex Christnach, Maggy Klemens (Wagner) a Christiane Simon. Eiere Gäscht waren den Här a Madam Nic Weyland, als Merci fier d'Aarbecht vu Kalenner a Flyer. Entschëllegt waren, Kurt Zikes, Fernand Baldato, Robert Straus, Claude Bous, an aus gesondheets Grënn, Jos Nepgen, Gerd Geimer an Edmond Kieffer.

An der Klenger Usproch vum N. Wagner ass kuerz un déi verstuewen geduecht ginn, den Abbes Johanns, Pierre Schmitt, Roger Urbany a René Felten.

Eng Kees konnt de N. Wagner virweisen, déi Enn des Joer ganz gesond war.

En Don vu 4000.-€ ass no der Wanter Paus un de Verein RFC UNION gemaach ginn. Eng kleng Spend un t'Junioren (Gewënner vun der Cup du prince)ass gutt ukomm. Dess weideren sinn dem Verein " Mehrweg" Becher versprach ginn, déi lo demnächst wärten ukommen.

Den N.W. deen iwwer 45 Joer am Verein um Verluerekascht ass, an dobei 35 Joer am Supporter-Club, an dem 20 Joer Viirsteet, huet awer nach eng grouss fir nët zesoën traureg Decisioungehol, an zwar dass de S.-Cl.séng Aktivitéiten astellt. Mangel u Nowuess a virun allem un Unerkennung sinn d'Ursaach. Um Papeier bleift de Verein awer mol nach bestoën. Et wees ee jo ni wou nach muss en Don gemaach ginn, oder et eppes ze bezuele gët.

Mat dem Wonsch dass t'éischt Ekipp nach déi néideg Punkte kritt fir Europäisch ze ginn, ass dësen Owend bei engem Patt a Maufel ofgeschloss ginn. Nico Wagner

Weitere Neuigkeiten von Nico Wagner >