Trotz deem schlechte Wieder an der momentaner Situatioun war de sechsten " Lokale Maart " zu Luerenzweiler ganz gutt besicht !
Op 16 lokal a regional Stänn goufen selwer gemaachten, saisonal a regional Produkter , wéi Hunneg, Gebeess , Sirop , Likör, Saumon , Wäffelcher , Kichelcher , Jelli, Paté , Wëldpaté , Wëldzoossis a Villes méi verkaf. Et hat een eng flott Auswiel un Dekoratiounsartikel, Bijouen , Gebitztes , Gestrécktes , Geheekeltes , Gewieftes asw.
Dat ganzt war organiséiert vum Klimateam Gemeng Luerenzweiler .
Fotoen: STEYER - FONCK ALICE
© copyright