Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Galaconcert Fanfare Hielem-Luerenzweiler

26
Jan
2019
26 Jan


Luerenzweiler:

D’Fanfare Hielem-Luerenzweiler invitéiert op hire GALA CONCERT, deen ënnert dem Motto “VERY BRITISH !” steet, e Samschdeg 26. Januar 2019 ëm 20:00 Auer an der Sportshal zu Luerenzweiler.

Eis Musikanten, ënnert der Direktioun vum Jhang Kohnen, wäerten Iech mat musikaleschen Highlighten aus Klassik, Musical, Film a Pop verwinnen. Dobäi gëtt eis Fanfare vum Jugendensembel „Fortissimo“ vun der Luerenzweiler UGDA Museksschoul ënnert der Direktioun vum Micky Thein am éischten Deel vum Owend tatkräfteg ënnerstëtzt. Duerch de Programm féieren Noémie Patz an den Alexander Frazer. Den Entrée ass fräi.