Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Serie Kierchtuermspromenaden 6 - Aus Lunesdorf gouf Longsdref

Fir d’éischt ernimmt ass eng Kierch zu ‘Lunesdorf’ am Joer 1140… an engem Dokument vum Poopst Innozens II.. Domat ass Longsdref gemengt (an der Gemeng Tandel)… deem seng Haiserzuel sech a leschter Zäit verdräifacht huet. Kiermes fir di 81 Awunner ass do den 1. Mee. An 't heescht 2011 fir d’éischt eng Woch drop, den 8., um derzou gehéieregen Uertsdeel Marxbierg net méi No- mä Spargelkiermes. Si verbënnt Hobby an Handwierk natierlech mat engem gudde Spargel Menü.

D’Kapell vu Longsdref- Marxbierg datéiert dem Här Schmitt säi Kiercheguide ’Wegführer Kirchen und Kapellen’ an d’Enn vum 15. Jh. - an d’Wandmolereien an d’16.. Hire Grondrëss, d’Architektur an d’Wopen am spéitgotesche Verwëllef vergläicht e mam Stil vun der Veianer Trinitarierkierch, zou där si mol gehéiert hat! Longsdref, Longsdorf, zielt zum Dekanat a Porverband Veianen. Där klenger zweeschëffeger Halekierch hir zwou massiv aachteckeg Sailen am Schëff an di zwou ronn am Chouer impressionnéiere grad sou ewéi de barocken Haapt- an Niewenaltor.

Besonnesch ass hei eng Klack vun 1804 als Wäiwaasser Behälter an e Kräiz an der Plaz vum 2. Niewenaltor. D’ugebauten Einsiedelei vun 1627 war ufangs eng vun 12 Leproserien am Land. Den Zweck vun esou primitiven 'Isolatiounsstatioune' war déi vu Kräizzich matbruete Kränkt auszerotten! Am Joerhonnert virdrun hat Karel V. den Aussätzegen ordonnéiert sech z’isoléieren (an ënner him sollte spuenesch Truppen ’cancojota’ mat heihi bréngen…deen eise ‘Kachkéis’ gouf.)


Den ongekierzten Artikel iwwer fannt Dir hei:
http://www.tessyglodt.lu/page/longsdorf.html



Fotos: Archiv LW Nico Muller & mywort-User Armand Wagner