Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Sportleréierung an der Gemeng Lëntgen

D' Sport Kommissioun an d' Gemengenautoritéiten vun Lëntgen waren houfreg fir kennen déi lokal Sportlerinnen an Sportler fir hir Leeschtungen an den Saisonen 2019/2020 an 2020/2021 ze éieren.

D'Laureaten koumen aus dem Athletismus, Dëschtennis, Karate an Taekwondo.
Besonnesch ervir gestach hunn folgend Performancen:

Charles Grethen .
12. Platz an der Finall op den Olympeschen Spiller zu Tokio (Landesrekord iwwer 1.500 m an der Halleffinall)
2. Platz beim Check Indoor Gala
Nationale Champion iwwer 10 km
Nationale Champion iwwer 1500 m

Jenny Warling.
Verschidden éischt Platzen am Kumité International an National
an eng 3. Platz Kumité -55kg  zu Santiago (CHI)

No der Auszeechnung vun den Sportlerinnen an Sportler huet d‘ Gemeng op den Éierewäin invitéiert. An geselleger Atmosphär ass dunn dësen Owend op een Enn gaangen.

Weitere Neuigkeiten von Theo Weiler >