Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Chrëschtmaart an der rue des Vergers zu Lëntgen

De Sonndeg, 9 Dezember 2012 haten d'Awunner aus der rue des Vergers vu Lëntgen een Chreschtmaart organiséiert. Well jiddereen eppes fir z'iessen oder ze drénken matbruecht huet, war den Dësch am gehëtzten Zelt gudd gedeckt. Um Menü stoungen ënner anerem Empanadas, Pizza, Chili con carne, Gromperebulli, Panesch, Kuch, Käschten, Glühwäin, Kannerglühwäin an allerhand Gedrénks. D'Kanner hunn een Chrëschtconcert zum Beschte ginn, wou beim läschte Lidd "Zei de Krees net ze kleng" jiddereen matgemaach huet. No der gelongener éischter Editioun steet enger nexter wuel naischt am Wee. Der Gemeng Lëntgen een decke Merci dass si d'Zelt, souwéi zwee Heizpilzen, ouni déi et sécher net gaang wär, zur Verfügung gestallt huet.

Weitere Neuigkeiten von Jeff Herr >