Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Klassen vun der 4e aus dem LRSL op Besuch am Science-Center

D’ Quatrièmes-Klassen aus dem Lycée Robert-Schuman hunn den 8. Mee de Science-Center zu Déifferdeng besicht. D’Schüler konnten sech un deene sëllechen Experimentéierstatiounen ameséieren, an esou d’Sciencen emol anescht erliewen. Nieft dem fräien Experimentéieren hunn 2 flott an interaktiv Showen dat ganzt ofgeronnt.