Wählen Sie Ihre Nachrichten​

International Klengdéireschau um Lampertsbierg

De Weekend vum 15. a 16. Januar 2011 huet de lëtzebuerger Klengdéireziichterverband (USAL) déi 19. International Klengdéireschau souwéi déi 33. National Luxemburger Landesschau an de Victor Hugo Halen um Lampertsbiergorganiséiert.

De Verband zielt 29 Sektiounen an nët grad 4000 Memberen.

Hier Aktivitéite begräifen d'Ziichte vu Rassendéiren, wéi Kanéngercher, Hénger, Groussgefligel, Waassergefligel, Dauwen, Ziergefligel a Mierschwéngercher.

Déi héchste Geboter sinn:
- d'Erhalen an d'Séchere vun der Aartevilfalt
- d'Rengerhalung vun den eenzelnen Aarten a Rassen inklusiv hiere besonnesche Mierkmoler
- eng aartgerecht Haltung