Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Generalversammlung bei der Société municipale des accordéonistes de Luxembourg

D’Société municipale des accordéonistes de Luxembourg zitt Bilan vun engem gefëllten Aarbechtsjoer.


Bei senger Begréissung huet de President Raymond Mahnen den Aktiven an de Membre Merci gesot fir d’Aarbecht an d’Ënnerstëtzung am vergaangenen Aarbechtsjoer.

Mat sengem Rapport dokumentéiert den Dirigent Romain Kraus a senger Qualitéit als Sekretär, datt d’Société municipale des accordéonistes de Luxembourg mat 2017 nees en aarbechtsräicht Joer hanneru sech huet. De Comité war 8 Mol beienee fir d’Gestioun vum Veräin an d’Journée de l’accordéon am November z’organiséieren.

Wat déi musikalesch Activitéiten ubelaangt: mir haten 41 Prouwen an 9 Concert-ën; doniewent ass op eis traditionnell Participatioun bei der Iechternacher Sprangprëssëssioun hinzeweisen. Speziell ervirzesträichen wir dann d’Organisatioun vun der Journée de l’accordéon Enn November ënnert dem Patronage vun der UGDA a vun der Stadt Lëtzebuerg. Mat hire Prestatiounen hunn den „Akkordeon-Spielring Menningen/Minden” grad wéi d’Escher “Amis de l’accordéon” an um Enn d’SMAL de Public ënnerhalen. D’SMAL war houfreg fir der Öffentlechkeet hire jéngsten Accordeonist Mher Mkrtchyan ze presentéiren, deen den Alen Tramsschapp fir d’éischt mat der Toccata & Fuge an D-moll vum Johann Sebastian Bach an duerno mam Edith Piaf-Titel Padam, padam, padam gerockt huet.

Bei de Prouwen an den Optrëtter gouf et an der Moyenne eng Presenz vun 68,36 %. De President huet den 4 äifregste Musikante eng kleng Unerkennung iwwereecht: d’Rosa Moreira huet déi meescht Presenzen (98%) opweises, op 2. Plaz de Vic. Kolb (94%), de Guy Schmit an d’Danielle Ludwig si mat 84% ex aequo op der 3. Plaz.

En ebenesou wichtegt wéi freedegt Evenement war d’Feier vum President Raymond Mahnen sengem 90. Gebuertsdag. Des Feier gouf selbstverständlech vun den Akkordeoniste musikalesch ënnerluecht.

E grousse Merci gëllt alle Musikantinnen, Musikanten an dem Comité fir hiirt Engagement an déi gudd Ambiance am Veräin. Mercië goungen un de Vic. Kolb fir säin Asprangen als “Sous-Chef” wann den Dirigent emol verhënnert ass, dem Guy Schmit fir d’Editioun vun de Memberskaarten a fir d’Sonorisatiounsmaterial bei eise Concert-ën, an un d’Danielle Ludwig fir d’Homepage a fir d’Editioun vum Veräinsblad “d’Quëtschbloder”.

Den Tresorier Brice Junius huet duerno de Keessebestand presentéiert. D’Keess gouf exemplaresch gefouert an d’Finanze si méi wéi nëmme gudd. D’Keesserevisoren hunn dat confirméiert an der Assemblée proposéiert, dem Tresorier d’Decharge ze ginn, wat d’Assemblée eestëmmeg gemaach huet.

De Comité krut dann och d’Decharge fir seng Aarbecht.

Fir d’Deelerneierung vum Comité waren d’Mandater vu Fernand Buchholtz a Guy Schmit z’erneieren. Dien neie Comité setzt sech zesummen aus Fernand Buchholtz, Monique Feitler, Brice Junius, Romain Kraus, Raymond Mahnen, Guy Schmit a Bruno Dinis.

2018 gëtt erem en aarbechtsräicht Joer: am Agenda sti scho Concertën zu Idesheim (D), zu Réimech, zu Diddeléng, zu Berbuerg (Pappendag am Haaptmann’s Schlass). Den 10.11. ass d’SMAL invitéiert vun den Escher “Amis de l’accordéon” déi mat engem internationalen Akkordeons-Concert hir 70 Joer feieren.

D’SMAL emfielt sech, fir och op Ärem Fest, Bazar oder bei enger anerer Geleeënheet mat engem Bouquet vu bekannten a beléifte Melodien Ärem Public e kuerzweiligen Nomëtteg oder Owend ze bidden. Fir méi Detailer kuckt w.-e.-g. ënnert www.accordeon.lu.