Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Fête de l'Europe am Lycée Robert-Schuman

68 Joer ass et hier, dass de Robert Schuman, deemolegen Ausseminister vu Frankräich, um 9. Mee 1950 de Schuman-Plang zur Schafung vun enger Unioun fir eng gemeinsam Stol- a Kuelenindustrie virgestallt huet. All Grond also fir besonnesch am no him benanntene Lycée Robert-Schuman d’Fête de l’Europe eecht ze huelen, an aus deem Grond gouf et mëttwochs de 9. Mee och eng grouss Festivitéit am Festsall vum LRSL.

De ganzen Dag stoung Europa am Mëttelpunkt am LRSL, an d’Schüler hunn eng grouss Fête de l’Europeop d’Been gestallt. Als „École Ambassadrice“ huet de Lycée Robert-Schuman sech op de Fändel geschriwwen, déi Europäesch Wäerter héich ze halen an ënnert dem Motto vun "EUROPEAN VALUES“ sollten dës Wäerter an de Mëttelpunkt geréckelt ginn, déi Europa esou wichteg fir déi eenzel Staaten maachen.

Beim Projet École Ambassadrice handelt et sech em e Projet, de vum EU-Parlament an d'Liewe geruff ginn ass, a vu motivéierte Junior Ambassadeuren an de jeeweilege Lycée gedroe gëtt. Junior Ambassadeure sinn, wéi den Numm et scho verréit, Schüler, déi déif vun der Iddi vun Europa a senge Wäerter iwwerzeegt sinn, an als Missioun hunn hire Matschüler - an domat eben der ganzer haiteger Jugend - Europa méi no ze bréngen.

Vir dat ze realiséieren, ënnerhalen déi jonk EU-Ambassadeure vum Lycée Robert-Schuman en Infostand, un deem een net nëmme Broschüren iwwert d‘EU fënnt, mee siorganiséieren och intressant Ausflich, wou d'Schüler Europa méi no erliewe kënnen.

Aus dësem Projet eraus hunn och d'Junior Ambassadeure vum LRSL déi grouss Festivitéit am Lycée organiséiert. Eng 35 Schüler tëschent 18 a 25 Joer, déi all un engem Erasmus+ Projet vun der école de musique UGDA deelhuelen an ënnert anerem aus Frankräich, Portugal, Tierkei, Griicheland, Lettland oder der Slowakei kommen, si fir d‘Fête de l’Europeop Besuch komm fir dësen Dag gemeinsam mat Schüler vun den 3emen an 2emen vum Lycée Robert-Schuman ze feieren. No enger kuerzer Begréissung vun der Directrice vum Lycée Robert Schuman, der Madamm Michèle Remakel, sinn d‘Schüler aus dem Lycée a vum Erasmus+ an 12 kleng Gruppen agedeelt ginn.

An 12 Workshopen hunn déi eenzel Gruppen 12 verschidden europäesch Wäerter (wéi zum Beispill Fräiheet, Demokratie, Fridden, Solidaritéit, …), déi d‘Junior Ambassadeuren am viraus schonn definéiert haten, diskutéiert an an der Grupp aus hirem Point de Vue nei ausgeschafft.

An den eenzele Workshops haten d'Schüler vum Lycée mat de Jonke vum Eramus+ en déiwe kulturellen Austausch am Zesummenhang mat dem Wäert, den siam Workshop definéiert hunn, a wou sioch e symbolescht Bild fir bei hir Definitioun siche sollten, dat dës gutt representéiert.

Kuerz virun 11 Auer sinn dunn och déi prominent Invitéen agetraff. Dës waren d‘Hären Marc Schoentgen, Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung; Paul Scholer, Direkter vun der UGDA Museksschoul; Charel Goerens an d’Madamm Viviane Reding, allen zwee Europadeputéiert; d’Madamm Elisabeth Margue an den Här Alex Donnersbach; allen zwee Jugendpolitiker, souwéi den Här Premierminister Xavier Bettel.

Um Punkt 11 Auer ass déi offiziell Zeremonie lassgaangen. Ugefaangen huet dës mat enger Ried vun der Madamm Remakel, déi un déi europäesch Wäerter appelléiert huet. Weidergaangen ass et mam Ben Farschon, e Schüler vun der 2emeD vum Lycée Robert-Schuman a Junior Embassadeur, den en Discour iwwert déi national an déi europäesch Identitéit gehalen huet.

Duerno krut all eenzel vun deenen 12 Gruppe kuerz Zäit fir op der Bühn hiren Atelier virzestellen. Eenzel Gruppen hunn hei och d’Geleeënheet ergraff fir ganz perséinlech Geschichten am Zesummenhang mat dem Wäert, den si virgestallt hunn, mat deenen aneren ze deelen.

Weidergaangen ass et mat enger Ried vum Här Paul Scholer, deen den Erasmus+ Projet vun der UGDA Museksschoul virgestallt huet. Am Uschloss dorunner sinn déi jonk Erasmus+ Jugendlecher all op d’Bühn gaang fir d’Lidd „HumanHymne – Un Hymne pour l’Europe“, eng vu Schüler ëmgeschriwwe Versioun vun der europäescher Hymn, déi souwuel en Deel vum Text vun dëser enthält, mee och en Deel vun der Deklaratioun vun de Mënscherechter.

Oofschléissend hat den Här Premierminister Xavier Bettel d’Wuert, den de Schüler de Message iwwermëttelen wollt, dass et un hinnen ass, fir d’Zukunft vun Europa ze gestalten, an dass egal wat ee léiert, et immens wichteg ass, ëmmer d’Aen opzehale fir nei Saachen, well et gëtt schonn eleng an der EU sou vill ze entdecken an et ass wichteg sech net virun all deene Saachen ze verschléissen.

Duerno gouf vun den Éiereninvitéen en Europakuch ugeschnidden an et gouf sech nach bei enger Receptioun ausgetosch.Weider Fotoen op www.lrsl.lu.

(Redaktioun Schülerzeitung Fënnef Vir Zwou: Gianni Di Paoli, Lele Jules Yin)