Wählen Sie Ihre Nachrichten​

ANNULATIOUN VUM INDESCH-NEPALESESCHEN BAZAR 2021

Wéinst der Covid-19-Pandemie, déi weiderhin d’Liewen an d’sozial Kontakter vun den Leit iwwerall op der Welt bestëmmt, huet d’Associatioun Aide à l’Enfance de l’Inde et du Népal (AEIN) leider mussen d’Entscheedung huelen, déi 43. Editioun vun hirem traditionnelle Basar, deen dëse Mount am Centre culturel zu Sandweiler hätt solle stattfannen, ofzesoen.

Eng noutwenneg Decisioun, déi AEIN awer net liicht gefall ass, well hinnen dësen Evenement erlaabt, hir trei Sympathisanten all Joer erëm ze gesinn, Suen fir hir Projeten ze sammelen, an d‘Associatioun esou wéi hir indesch an nepalesesch Partenairen neien Interesséierte virzestellen.

Nëmme mat der kontinuéierlech Ënnerstëtzung vun hiren treien Donateuren an den Confinanzementer vum Kooperatiounsministere an dem Ëmweltministere kann AEIN senger Missioun gerecht ginn an déi vulnérabelst Populatiounen an Indien an am Nepal ënnerstëtzen. Dëst Joer ganz besonnesch indigen Bewunner vu 54 Dierfer am indesche Bundesstaat Jharkhand esou wéi d’Meedercher an d’Fraen, fréier Opfer vu Gewalt, aus 3 Municipalitéiten am Nepal.

All Don fir d'Aktiounen vun der Associatioun z'ënnerstëtzen gëtt dankbar ugeholl - e klenge Geste vun Iech kann e groussen Ënnerscheed fir vill anerer maachen.

Fir online ze spenden, gitt op: www.aein.lu/faites-un-don

Fir en Don per Iwwerweisung op den Kont vun AEIN: CCPL IBAN LU03 1111 0367 5084 0000 (Mentioun: Don Bazar annulé)

Am Numm vun alle Beneficiairen seet AEIN Iech e grousse MERCI!