Wählen Sie Ihre Nachrichten​

14e Innovation Camp Jonk Entrepreneuren asbl mam Paul Wurth

E Mëttwoch den 22. November hunn den Liam Embleton an den Ben Farschon aus der 2eD1 aus dem lycée Robert-Schuman um Innovation Camp an Kooperatioun mam Paul Wurth Deel geholl. Et ass drëms gaangen de Stol, deen duerch seng héich CO2 Emissiounen net nohalteg ass, duerch alternativ an nohalteg Materialien ze ersetzen. No enger klenger Presentatioun vum Paul Wurth, ass et dunn lass gaangen. D´Participanten goufen an Gruppen agedeelt an haten dunn Moies an Nomëttes Zäit vir no kreativen wei och innovativen Iddien ze sichen. Zil war et, owes hir ausgeduechten Iddien virum Publik ze presentéieren. Begleed goufen si vun engem Expert aus dem jeeweilegen Domaine. Owes hunn d´Gruppen hir Iddien virun all de Leit presentéiert ier den Jury sech zeréck gezunn huet fir aus all Domaine jeeweils den Gewënnergrupp ze decidéieren. No der Präisiwwerreechung konnten d´Participanten an de Publik sech bei engem Gedrénks austauschen. Den Dag war eng flott Geleeënheet  fir sech an d´Lage vun engem Entrepreneur ze versetzen, deen versicht mat sengem neien Produit Fouss um Marché ze faassen.