Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Betribsfeier Firma Marc Bertholet et fils

De Freide 17 Dezember huet Firma Marc Bertholet et fils hier Gesellen op dat alljärlecht Betribsiessen am Spackelter zu Leideleng invitéiert. Firma gouf 1981 vum Marc Bertholet gegrënnt an och haut schafft hien mat senge 66 Joer nach all Dag mat och wann hien zënter en puer Joer Hëllef huet well hien gemeinsam mat sengem Jong Jeff Firma féiert.

Zesumme mat hiren 8 Gesellen an 3 Léierbouwe sinn si eng jonk, dynamesch an engagéiert Equipe. Nieft dem 40 järege Bestoe, wat leider lëscht Joer net konnt gefeiert ginn, gouf et dëst Joer eppes Spezielles: de Christian Heirens krut eng Auer iwwerreecht well hien elo 10 Joer an der Firma schafft.

An dem Sënn wënscht Firma Marc Bertholet et fils all hire Clienten, Fournisseuren an hire Familljen ee gudde Rutsch an dat néit Joer a seet ee grousse Merci fir Vertrauen an déi gutt Zesummenaarbecht.